top of page

Lëtzebuerger op Antarktisfuerschung



Dëse Wanter war de lëtzebuerger Fuerscher Charel Wohl mam briteschen Äisbriecher an der Antarktis ënnerwee an huet gläich e puer Mol déi geféierlech Drake Passage iwwerquéiert. Daat Joer virdru war hier um Äisbriecher an der Arktis, an hat och do schonns mat engem Massespektrometer Daten iwwert déi verschidden klimadreiwend Gaser am Waasser analyséiert.


De Charel ass mat ville spannende wëssenschaftleche Resultater, awer och Anekdoten zeréck, a wäert ons déi am Hierscht hei zu Lëtzebuerg presentéieren.


Polar.lu huet e PSP Finanzement vum Fonds National de la Recherche kritt fir zesumme mam Charel des flott interaktiv Workshops am Lycée Hubert Clément ze organiséieren. Et ass och eng Konferenz fir Iech all am LHCE an am Naturmusée geplangt. Déi genee Datumer deele mer Iech nach mat! Stay tuned!


Hei eng Foto bannen am Expeditiounsschëff, dem briteschen Äisbriecher. Wann ee genau kuckt, gesäit een, datt Alles festgebonnen ass!

Categories

Archive

bottom of page