Nanoq - Imag(in)ing climate change am Sportlycée

Den Fréiden 20. September gouf a Präsenz vum Här Minister Claude Meisch d’Ausstellung Nanoq - Imag(in)ing Climate Change vun der Finnin Ilona Mettiäinen am Sportlycée opgemeet. Glaichzeitëg goufen och d’Prix d’excellence an d’Präisser fir Élèves méritants a Sportifs méritants iwwerreecht, a mir wëllen hei nach eng Kéier all de Schüler fir hier exceptionnell Resultater félicitéieren ! Merci och ons Partner Script, MENJE, Sportlycée. D'Ausstellung ass nach bis den 04. Oktober am Sportlycée ze gesinn. Weider kennt dir se kukken goen : - am Lycée Classique de Diekirch vum 08.-25. Oktober - um Science Festival an Gronn vum 07.-10. November - am Lycée Edward Steichen zu Klierf vum 25. November bi

Invitatioun

Präisiwwerreechung a Vernissage am Sportlycée den 20. September um 18:00 Auer. A Präsenz vum Här Minister Claude Meisch ginn dëst Joer d’Prix d’excellence an d’Präisser fir Élèves méritants a Sportifs méritants iwwerreecht. Am selwechte Kader gëtt och d’Ausstellung Nanoq - Imag(in)ing Climate Change vun der Finnin Ilona Mettiäinen ageweit. D’Photoplay-Ausstellung ass bis den 3. Oktober am Sportlycée ze gesinn. Wéi gewinnt gëtt et duerno e Patt an Häppercher am gemittleche Kader vun onsem Hall d’entrée. Mellt Iech wgl. op secretariat@sportlycee.lu un.

Categories

Archive

25, rue Münster
L-2160 Luxembourg

info@polar.lu

  • Black Facebook Icon
  • Black Instagram Icon
  • Black Twitter Icon

© 2020 |  polar.lu  |  Impressum  |  Team  |  Downloads