Vernissage

Mir hunn eis immens gefreet, Iech zesumme mat onse Partner dem Lycée de Garçon d'Esch-sur-Alzette, dem SCRIPT an dem Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse op dem Vernissage vun der flotter Photoplay Ausstellung, a Präsenz vun der Artistin a Fuerscherin Ilona Mettiäinen den 23. Mee zu Esch ze begréissen. D'Ausstellung ass nach bis den 10. Juni inclus am LGE ze gesinn, ir se duerno bis Summervakanz am Lycée Josy Barthel zu Mamer ze gesinn ass.

Vernissage

Nanoq - Imag(in)ing Climate Change Ausstellung vun der finnescher Ilona Mettiäinen Et ass ons eng grouss Freed, Iech zesumme mat onse Partner dem Lycée de Garçon d'Esch-sur-Alzette, dem SCRIPT an dem Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse op de Vernissage vun der flotter Photoplay Ausstellung, a Präsenz vun der Artistin a Fuerscherin Ilona Mettiäinen, anzelueden: Donneschden, den 23. Mee um 18:30 am Escher Jonge Lycée Photoplay Ausstellung vum Ilona Mettiäinen Arctic Centre - University of Lapland D'Ausstellung ass bis den 10. Juni inclus am LGE, ir se duerno am Lycée Josy Barthel zu Mamer, bis Summervakanz, ze gesinn ass.

Polar.lu am Wort

Den 4. Abrëll hate mir vun polar.lu eis Generalversammlung. Den Guy Seyler vum Luxemburger Wort war deen Owend dobäi. Mir soen him villmools Merci fir deen detailléierten Artikel.

"Flying Dr Pat" an der Arktis

Haut huet sech den Lëtzebuerger Patrick Peters op de Wee gemaach fir an d'Arktis. Scho fir d'zweet iwwerquiert en elo d'Eis vun Grönland. 2003 war hien den éischten Lëtzebuerger um Nordpol an 2008 huet en sech déi éischt Kéier op de Wee gemaach duerch Grönland. Et geet ganz vum Süden bis an den Norden - dëst déngt als Virbereedung op déi zukünfteg Expeditioun an d'Antarktis. Hien dokumentéiert alles iwwer seng eegen Websäit "Flying Dr Pat", wou dir iwwer seng Reesen an Expeditiounen kennt noliesen. De Patrick ass ausserdeem Grënnungsmember vun polar.lu an mir wënschen him vill Erfolleg op dëser Rees.

Categories

Archive

25, rue Münster
L-2160 Luxembourg

info@polar.lu

  • Black Facebook Icon
  • Black Instagram Icon
  • Black Twitter Icon

© 2020 |  polar.lu  |  Impressum  |  Team  |  Downloads