top of page

Dustbuster Grand Finale

D'Experimenter zur Loftverschmotzung zu Esch an an de Polargéigenden (Projet Dustbuster) si gëschter Owend (leider schon) op en Enn komm.


D'Schüler hu nach zu Nuets giess mam Polarfuerscher Charel Wohl, awer och mat den internationale Permafrascht-Fuerscher déi fir de Frozen-Ground Cartoons zu Land sinn! Et si flott Gespréicher opkomm tëscht Schüler a Fuerscher.


Nom Owesiessen ass et weidergaange mat enger spannender Konferenz vum Charel Wohl iwwert seng Fuerschung an der Arktis an an der Antarktis am Lycée Hubert Clement virun engem gutt gefëllte Festsall!

Ronn 40 Schüler hunn ausserdeem an der Paus vun der Konferenz dem Grand Public d'Dustbuster Experimenter erkläert, hier Pousteren iwwert hier Recherchen anYouth4planet-Filmer gewisen!


Mir soen alle Partner Merci fir déi genial Zesummenarbecht! Lycée Hubert Clement, Youth4planet Luxembourg an Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg.




Categories

Archive

bottom of page