top of page

Arctica Day @ Luxembourg

Am Dezember ware mir a 4 Schoulklassen zu Fréiseng an zu Iechternach fir eng weider Kéier den Antarctica Day ofzehalen.


Mir hunn de Schüler vun Dag a Nuecht un de Poler erzielt. Fir hinnen dat ganzt ze verbildlechen hu mir Kameraen mat hinne gebastelt, déi elo 6 Méint bei de SchülerInnen doheem houngen an Trajectoire vun der Sonn um Horizont opgezeechent hunn.


Wéi d'lescht Joer, wollte mer och dëst Joer eisen Arctica Day ofhalen, fir eis mat de SchülerInnen d'Resultater vun de Kameraen unzekucken, op déi si elo sou laang gewaart hunn. Awer och fir déi spannent Legend kennen ze léieren, wéi de Kuerb Liicht (Sonn) geklaut haat an am Fréijoer zereck an d'Arktis bruecht huet.


Duerch den Covid-19 konnte mer leider net an d'Klassen zréckzegoen. D'Léierpersonal hat trotzdem Kameraen agesammelt, déi mer entwéckele gelooss an hinnen zoukommen gelooss hun.


Hei gesinn der e puer Beispiller.








Mir soen der Gemeng Fréiseng an dem Lycée vun Iechternach villmools Merci, dass mir an déi jeeweileg Klasse konnte kommen.


Ausserdeem soe mer dem SCRIPT Merci fir déi finanziell Ënnerstëtzung a Paradox 8 fir d'Entwéckele vun de Fotoen.





Categories

Archive

bottom of page