top of page

Ant-Arctica Day 2019/20



Och dëst Schouljoer hu mer den Antarctica Day geféiert.


Den 1. Dezember gëtt d'Ënnerschreiwe vum Antarktis-Vertrag geféiert. Dëse Vertrag garantéiert dass d'Antarktis (déi ganzer 10% vun der Surface vun der Äerd ausmëscht!) nëmme fir Fuerschung a friddlech Aktivitéite genotzt ka ginn. Domat ass et ee wichtege Vertrag fir fridlech international Zesummenaarbecht.


Dëst Joer ware mir an zwou Klassen zu Fréiseng an der Primaireschoul an op enger 7e am Iechternacher Lycée.



Mir hunn de SchülerInne vun der Polarnuecht an dem Polardaag erzielt. Anhang vu Lifekameraen hu mer hinnen dat ganzt verbildlecht. Fir awer nach eng méi perséinlech Approche ran ze bréngen hu mer och dëst Joer erëm Kamera Obscura gebaut aus enger Béchs, Fotospabeier an anere Saachen déi ee ganz einfach an enger Schoulschachtel fënnt. D'Schüler hun des Kamera bei sech doheem opgehaangen, wou d'Kamera elo 6 Méint laang hänke wäert, bis mir am Juli erëm erofhuelen. Duech de liichtsensible Fotospabeier hellt des einfach Kamera de Parcours vun der Sonn op an esou kennen d'Schüler duerno unhand hirer eegener Kamera agesinn, wei sech d'Sonnelaafbunn verännert huet iwwer 6 Méint - an dat direkt virun hirer Hausdier!




Mir soen dem Iechternacher Lycée an der Primaireschoul Fréiseng villmools Merci dass mer an hier Klasse konnte goen! Ausserdeem soe mer dem SCRIPT Merci fir d'finanziell Ënnerstëtzung.

Categories

Archive

bottom of page