top of page

Antarctica Day zu Lëtzebuerg

Den 1. Dezember ass international bekannt als den Antarctica Day, deen d'Ënnerschreiwen vum antarkteschen Traité zu Washington 2959 feiert. Den Traité soll den antarktesche Kontinent (deen bal 10% vun der Erdoberfläch ass) beschützen. D'Antarktis soll "fir ëmmer nëmmen fir friddlech Zwecker ... an am Interêt vun der ganzer Mënschheet benotzt ginn". Den Antarktis Dag huet eng laang Traditioun bei APECS (Association of Polar Early Career Scientists), virun allem duerch schoulesch Aktivitéiten an deenen Kanner an Jugendlecher iwwer d'Antarktis geléiert ginn. Een vun den Haaptaktivitéiten ass den "Fändel-Projet", bei deem Kanner en Fändel entwerfen fir d'Antarktis, des gëtt dann an enger antarktescher Fuerschungsstatioun opgestallt. Wéinst der Wichtegkeet vun dëser Traditioun, hunn sech d'Nationalcomitéen vun APECS BeNeLux sech zesummen gedoen an en international koordinéierten schouleschen Projet op d'Been gestallt fir Primaireschoulen an deenen 3 Länner.​

Den Projet dréint sech em dem Udo Prinsen säin kënschtlereschen Konzept, d'Sonn mat Hëllef vun Camera Obscurae ze dokumentéieren. An allen 3 Länner goufen Kameraen mat den Schüler an der Schoul opgehaange. De Grond heifir ass, dass mer den Laf vun der Sonn vum kierzten Dag (21. Dezember, Wintersonnenwende) bis zum längsten Dag (21. Juni, Summersolistice) wëllen ophuelen. Well Kamera Obscurae virun allem Luucht a Schieter afänken, sollen eis d'Fotoen weisen, dass d'Sonn am Dezember bei déif ass an am Juni méi héich.


Fir dass d'Kanner d'Funktionéieren vun der Kamera besser gestinn, hu mer ausserdeem en Atelier ofgehalenen an deem d'Kanner ënner eiser Uleedung a mat Hëllef vun hiren Jofferen a Schoulmeeschteren eegen Kameraen gebaut hunn. Ausserdeem hu mer vun der Méiglechkeet profitéiert iwwer Dag a Nuecht an der Arktis an der Antarktis ze schwätzen am Verglach zu eisen Breedekreesser. Wärend mer d'Theorie erkläert vun der Erdemdreihung mat den Globus erkläert hunn, hunn d'Kanner Exercicer gemaach an haten vill Spaass mat den Live-Kameraen aus Tromsö, Norwegen (Arktis) an vun der Fuerschungsstatioun Amundsen Scott an der Antarktis. Méi wei eemol konnten mer en begeeschterten "Wow" héieren, wann d'Kanner de Konzept hannert der Theorie mat eegenen Aen entdeckt hunn.


Elo mussen d'Schüler awer gedëlleg sinn bis Juni wa mer d'Kamera erëm erofhuelen. Des ginn dann deelweis vum Udo Prinsen an Holland an deelweis an de Schoule selwer entwéckelt. Schlussendlech ginn d'Biller vun den 3 Länner an enger online Ausstellung ausgestallt ginn. Mir freeën eis op June, wa mer dësen Atelier mat engem kreativen Atelier iwwer d'Liewen an der Arktis fäerdeg stellen wäerten.


Zu Lëtzebuerg huet APECS Lëtzebuerg an polar.lu 5. a 6. Schouljoren an 6 Klassen an 4 verschidden Schoulen wärend der Woch vum 10 Dezember besicht. Mir wëllen den Schoulen vun Réimech, Fréiseng, Schengen an Gonnereng villmools Merci soen fir hier Participatioun um Antarctica Day.


Mir wëllen ausserdeem eisem Partner SCRIPT an de Gemengen Réimech, Fréiseng an Jonglënster Merci soen fir hier finanziell Ënnerstëtzung.


Wann dir interesséiert sidd um Antarctica Day 2019, dann kontaktéiert eis weg iwwer info@polar.lu oder apcecs@polar.lu.

Categories

Archive

bottom of page