top of page

polar.lu op der Arctic Science Summit Week (ASSW) zu Wien

Dëst Joer war polar.lu mat enger staarker Delegatioun zu Wien op der Arctic Science Summit Week (ASSW), déi all Joers vum IASC (International Arctic Science Committee) organiséiert gëtt, vertrueden.


Ons Vertrieder hunn, niewent de sëllege wëssenschaftleche Virträg, och d'Geleeënheet genotzt fir d'Koordinatioun a d'Kooperatioun mat verschidde wëssenschaftlechen Organisatiounen, wéi z.B. APECS (Association of Polar Early Career Scientists) a Polar Educators International, ze verdéiwen.


Och gouf déi kommend Publikatioun vum European Polar Board’s Action Group on Environmental Impacts of Polar Research and Logistics, en Aarbechtsgrupp deen déi lëscht Joere vun der Mme Tania Gibéryen presidéiert gouf, der internationaler wëssenschaftlecher Communautéit virgestallt.




Categories

Archive

bottom of page