25, rue Münster
L-2160 Luxembourg

info@polar.lu

  • Black Facebook Icon
  • Black Instagram Icon
  • Black Twitter Icon

© 2017 |  polar.lu  |  Impressum  |  Team  |  Downloads

Contact us

Antarctica Day (1st of December) celebrations in Luxembourg

November 8, 2018

 

An Zesummenaarbecht mat APECS BeNeLux, an natierlech APECS Lëtzebuerg, bitt polar.lu eng spannend Aktivitéit fir den Antarctica Day 2018 un.

 

An den éischte Wochen am Dezember bidde mir Workshops vun 1-2 Stonnen zum Thema ‘Daag a Nuecht an der Antarktis’ an de Primaireschoulen un. Ons Experte vun APECS (Association of Polar Early Career Scientists) ginn a Klassen, fir iwwert Antarktis ze schwätzen, fir Ënnerscheeder vun der Joreszäiten an der Süd- an Nordhemisphère ze veranschaulechen, a Cyclë vun der Sonn besser ze verstoen. D’Ziel vun deem Ganzen ass et de Kanner d’Ënnerscheeder vun Dag a Nuecht un de Polen ze erklären.  

 

Den Highlight vun all Workshop sinn Kameraen Obscurae, déi mer vum hollännesche Kënschtler Udo Prinsen zur Verfügung gestallt kréien. Des Kamerae gi mat de Kanner zesummen opgehaangen, a sollen iwwer 6 Méint, tëschent der Wantersolitice (21.12.2018) an der Summersolistice (21.06.2019), Trajectoirë vun der Sonn opzeechnen. Et ass momentan och eng Kamera ënnerwee an d’Antarktis fir och do esou eng Foto ze maachen.

 

Des Kameraen Obscurae ginn dann zeréck an Holland geschéckt fir do vum Kënschtler entwéckelt ze ginn. Well dëse Projet iwwert dräi Länner leeft, ass als Ofschloss eng gemeinsam Online-Ausstellung vun alle Biller geplangt.

 

Des Aktivitéit ass prioritär fir Primärschoulen, mee och Lycée'en kennen sech mellen. Wann Dir och interesséiert sidd, fir dëse Workshop an ärer Klass unzebidden, da schéckt eis weg eng E-mail op info@polar.lu bis de 16.11.2018. Et si schonns eng Réi Schoulen ugemellt, dofir waart net ze laang fir bei dëser eenzegaarteger Aktivitéit kennen derbäi ze sinn.

 

Mir free‘en eis op Iech.

 

The workshops can be held in Luxembourgish, German, French and English.

 

 

Weider Informatiounen an Biller kenn der hei fannen :

www.polar.lu

http://udoprinsen.com/antarctica-day/  (website of the artist)

http://udoprinsen.com/shapes-of-time/ (examples of the pictures we will be able to see)

https://apecsbelgium.wordpress.com/2018/10/24/antarctica-day-school-visit/ (APECS B)

https://apecsnl.wordpress.com/2018/10/23/antarctica-day/ (APECS NL)

https://vimeo.com/170684864 (solargraphy timelapse)

 

Share on Facebook
Share on Twitter
Please reload

Categories

Please reload

Archive

Please reload