Fun Factor Diatomées
Des Woch wor de Prof. Reinhard Pienitz aus Kanada bei ons op Besuch an huet matt de Schüler aus dem LGE an engem spannende Workshop gewiessen wei flott Kieselalgen (Diatomées) sinn a wei si an der Polarer Forschung nötzlech sinn. Sou konnten Schüler sech net nemmen e Bild vun polaren Kieselalgen ënnert dem Microskop maan, mee och un Hand vun Echantillon'en aus lëtzebuerger Gewässer onsen einheimechen Diatomée'en op Spur goen!
Owes gung et dunn weider matt den Anciens aus dem LGE (Amicale vum Escher Kolléisch) wou op eng flott an interaktiv Art a Weis d'wëssenschaftlech Methoden un Hand vun konkreten Beispiller aus der Karrière vum Prof. Pienitz duergestallt goufen: z.B. wéi Bevölkerung vum Nordamerikanechen Kontinent konnt rekonstruéiert ginn, wéi Kontamination an Perturbatiounen an nördlechen See'en och Joërzengten nom Eisenerzofbau nach iwwert Kieselalgen kennen nogewisen ginn. Ausserdem goufen et och spannend an ganz konkret Beispiller, un Hand vun der Pingualuit Expeditioun, vun den Défi'en fir an der Arktis un Echantillon'en vun den Diatomée'en ze kommen. Och d'Auswertung an dei exceptionnell Resultater vun deser Expeditioun goufen erklärt an zesummen diskutéiert.
Den Daag drop gouf des interaktif Konferenz nach eng 2t Kéier am Naturmusée gehaalen.
E spezielle Merci geet un den Fonds National de la Recherche ouni deem seng finanziell Ënnerstëzung dese flotte a spannende Projet net méiglech gewierscht wier !