top of page

Konferenz : ‘Liewen an der kanadescher Arktis’

D’Sektioun LEO vum Institut Grand-Ducal a polar.lu invitéieren, zesumme mam Naturmusée op e spannende Virtrag vun der Lëtzebuerger Polarfuerscherin.

Zënter 10 Joer ass Tania Gibéryen fir hir Recherchen an der Arktis ënnerwee an huet ronn 3 Joer am Nunavik gelieft.

De 16. Mee hëlt si ons mat op eng spannend Rees an hir zweet Heemecht a weist ons flott Fotoen a kleng Videoauszich vum alldeegleche Liewe mat den Inuit. Ausserdem zielt se ons déi eng oder aner Anekdot aus der Tundra.

Categories

Archive

bottom of page